KicheConcept steht für Designküchen auf Maß in Luxemburg. Für alle, die keine Küche von der Stange wollen. Wéi ginn ech vir ? Wat brauche mir? Wei plange mir?
KicheConcept stands for custom design kitchens in Luxembourg – for those who don’t want ordinary, but something truly unique. Hutt Dir ugefaange mat Bauen oder wëllt Dir Är aktuell Kichen an Ärer Wunneng oder an Ärem Haus ëmänneren? Da gitt Dir hei ganz genee gewuer, wéi Dir Iech am beschte sollt uleeën. Zu Lëtzebuerg dauert een Neibau an der Reegel ëm zwielef Méint. Esoubal Dir d’Pläng vun Ärem B
au hutt, kënnt Dir ufänken no enger Kichen ze sichen. Deen Ament kënne mir nämlech zesumme mat Iech kucken, ob vläicht eng Mauer soll geréckelt, eng Fënster méi héich gesat oder d’Rouer vun der Hott propper an der Chape verstoppt soll ginn. Dës wichteg Detailer kënnen nëmmen am Ufank vum Opbau geännert ginn an droe vill zu engem super Design a Funktionalitéit an Ärer Dramkiche bäi. Fir de Montage an engem Neibau brauche mir d’Pläng vun Ärer Kichen. Hutt Dir d’Pläng net, dann huelt wann ech gelift d’Moosse vun de Raimlechkeeten: Längt, Déift, Héicht, Moosse vun den Dieren a Fënsteren, esou wéi och d’Markéierunge vun den elektreschen a sanitären Uschlëss. Op Wonsch komme mir och gären op d’Plaz kucken. Nodeems Dir d’Kiche bestallt hutt, kommen eis Leit d’Moosse genee huelen. Wann Dir bis bei eis am Geschäft sidd, kënne mir direkt lassleeën. Am éischte Schrëtt zeechnen eis Innenarchitekten zesumme mat Iech d’Grondrëss vun Ärer Kichen op der Hand op. Dobäi siche mir d’Faarwen, d’Geräter an all déi aner Detailer zesummen eraus. Am zweete Schrëtt gëtt de Kicheplang an héijer 3D Optik um PC faarweg projezéiert, wat Iech ee geneet Bild vun Ärer neier Kiche gëtt. Wéi gesäit eisen Devis aus? Dir kritt vun eis eng ganz exklusiv Prensentatiounsmapp, wou déi faarweg Pläng a Fotoqualitéit an déi ganz Detailer vun der Kiche, mat de verschiddene Präisser, drasinn. No der Bestellung
… kritt Dir vun eis d’Optragsbestätegung an d’Installatiounspläng vun Ärer neier Kichen. Dës Pläng kënne mir Iech natierlech och per E-Mail zoukomme loossen. Liwwerzäiten a Montage
Am normale Fall hu mir eng Liwwerzäit vun aacht Wochen. Bei besonnesch aussergewéinleche Kichen (z.B. Mod Wave T.S.) kann d’Liwwerzäit awer variéieren. Am Fall, wou Dir Är Kiche ganz dréngend bräicht, kënne mir op Nofro hin, verschidde Modeller och méi séier geliwwert kréien. Flexibilitéit
Eng MK Kiche léisst sech faarflech perfekt mam Wunnraum ofstëmmen. Egal ob Trendfaarf oder eng klassesch Faarf, eng MK Kichen offréiert déi klengst Faarfnuancen. Wiem dat alles nach net genuch ass, dee kann och d’Kante vu senger Front faarflech ervirhiewe loossen. Wëllt Dir amplaz vun enger Dekorfront léiwer eng lackéiert, dann ass dat an all Faarftoun méiglech. Wann Dir eis ee Muster gitt, kënne mir de Faarftoun unhand vun där Virlag hierstellen. Folgend Lackfläche ginn et: glate Mattlack, Strukturlack an Héichglanzlack. Bei MK Kiche ginn et awer och vill speziell Fronten, wéi zum Beispill aus Bëtong, Steen, Glas, krazfest Fronten, Fronte mat Biller asw. Dës Villfalt kënne mir och opbréngen, wann et ëm d’Ergonomie geet. Eis Schief loossen sech duerch ee Patent geschützte System net nëmmen an der Héicht, mee och an der Breet op den Zentimeter genee upassen – dat fannt Dir soss bei kengem anere Fabrikant. Deemno kann Är nei Kiche perfekt un Iech an un Äre Wunnraum ugepasst ginn, ouni de Sockel méi héich mussen ze maachen oder grouss Blende mussen z’installéieren. Tiräng & Jarnéier
Eis Tiräng kënnen op Wonsch entweder mat Säitendeeler aus Metall oder aus Glas bestallt an och mat duebele Schinne montéiert ginn – doraus ergi sech déi verschiddenst Bannenusiichten. De praktesche System vun den Airmatic-Amortisöre garantéieren, datt d’Tiräng ouni Geräischer op an zou ginn. D’Tiräng kënne mat bis zu 80kg belaascht a jee no Material bis op eng Längt vun 2 Meter d’Stéck konzipéiert ginn. D’Fronte vun den Tiräng kënne mat just engem Handgrëff lassgemaach ginn, wat et erméiglecht d’Schief bannen ze botzen oder bei Schied d‘Fronten z’ersetzen. Korpus
All d’Deeler, net just d’Fronten, sinn aus 19mm décke Placken (normalerweis sinn et 16mm) a mat 2mm décken ABS-Virkanten hiergestallt. Dowéinst ass eng gréisser Stabilitéit vun de Schief an dem Ophänkmechanismus garantéiert. Op Wonsch kënne mir all iewescht Schief bannen, baussen an an där Faarf, déi Iech gefält, geliwwert kréien. Och déi iewescht Schief, déi mat metalle Schinne sécher un der Mauer montéiert sinn, hunn 19mm déck Réckwänn. Den Ophänkmechanismus sëtzt verstoppt hannert der Réckwand an ass vu bannen net ze gesinn. An de festen Ecker an de Schief leeë mir ronn Wëschecker, wouduerch sech d’Schief vill méi liicht propper halen. Spullsteen flächenbündeg
Dës speziell Montéierungsweis erméiglecht et, datt de Spullsteen ouni Fouen a komplett bündeg mat enger Résopal Aarbechtsplack montéiert gëtt. De Bord vun der Spull läit deemno net ënnert der Aarbechtsplack, mee exakt op der nämmlechter Héicht dovun. Esou bleift et absolut dicht, wat mir Iech garantéieren. Keen anere Kichebauer beherrscht dës Abauweis mat esou enger Perfektioun. Montage
De Montage vun Ärer Kiche läit eis besonnesch um Häerz. Dowéinst gëtt de Montage nëmme vun eisen eegenen, speziell ausgebilte Schräiner, mat laangjäreger Erfarung am Kichenopbau, gemaach. Eis Monteure gi stänneg a Formatiounen a ginn do op nei Technicke geschoult. Och bei eisem Aarbechtsmaterial hu mir net gespuert, well dat Bescht ass eis just gutt genuch. Kleng Ëmännerunge vu Waasserleitungen a Stroumuschlëss kënne mir och vir Iech virhuelen. Iwwregens kënnt Dir mat all eise Mataarbechter lëtzebuergesch schwätzen: vum Montage bis an d’Direktioun. Bei eis ass de Client de Kinnek, well mir hu verstanen, datt zefridde Clienten déi beschte Publizitéit sinn. Ee grousse Merci un all déi Leit, déi eis viru recommandéieren! Dampgarer & Sous-Vide
Een Dampgarer ass ee ‚Must‘ fir all Kichen! Ob Single, Hausfra oder Hausmann, Hobbykach oder Kach fir déi ganz Famill: jidderee kann et léieren, well et gëtt näischt méi Liichtes. All séchs Woche bidde mir eise Clienten eng Virféierung vum Dampgarer un an dat mat groussem Erfolleg. Mat der ganz neier Funktioun vum sous-vide Garen, kënnt Dir Äert gesond Iesse virbereeden an den Dag, wou et giess gëtt, nëmmen nach kuerz opwiermen. Och, wann Dir vill Besuch erwaart, kënnt Dir e puer Deeg virdrun alles preparéieren an hutt esou kee Stress den Dag selwer. An eisen neie Raimlechkeeten zu Bartreng verbrénge mir zesumme mat Iech ee gesellegen Owend mat vill Spaass. Gudden Honger a gutt Laun – just dees musst Dir matbréngen. Fir de Rescht suerge mir. D’Gerät, dat mir Iech virstellen, ass de Kombigarer mat der sous-vide Funktioun vun der Mark AEG. Dat ass een normale Schäffche mat der zousätzlecher Funktioun vum Dampgaren, ouni awer ee Waasseruschloss ubréngen ze mussen. Deemno kënnt Dir Ären ale Schäffche duerch de Kombigarer ersetzen. Hutt Dir elo Interessi doru kritt? Da mellt Iech hei. Kommt mir kachen zesumme méi gesond a probéiert mat eis, wéi gutt dat schmaacht.
08/08/2026
💗 Géift Dir Iech eng rosa Kichen trauen?
Wäiss, beige, gro oder schwaarz? Dat muss net ëmmer sinn. 😊
Mir fannen, eng Kichen däerf och Perséinlechkeet hunn.
Bei dëser Planung hu mir eis fir glänzend rosa/lila Fronten entscheet, kombinéiert mat der eleganter Ascale Macchia Vecchia Gold Keramik an engem waarmen Eecheparkett.
Besonnesch flott fanne mir de Kontrast tëscht der moderner, ganz geradlinneger Kichen an der aler Kommode vun der Cliente. Genee esou entstinn Raim, déi net ausgesinn wéi aus engem Katalog, mee wierklech perséinlech an eenzegaarteg sinn.
An dat Bescht: Bei eis sidd Dir net op 5 oder 10 Standardfaarwe limitéiert. Mir kënnen Är Kichen a ganz ville Faarwen, Materialien a speziellen Ausféierungen individuell plangen.
Elo si mir gespaant: Rosa Kichen – JO oder éischter NET? 😍
05/08/2026
🇱🇺 Lëtzebuergesch
Wat däerf an enger moderner Kichen op kee Fall feelen? 🤔
✨ Eng verstoppt Reserve, déi bal onsiichtbar an d'Héichschschaafwand integréiert ass.
🔥 Eng Keramik-Aarbechtsplack, déi kratzbestänneg, hëtzebestänneg a resistent géint Säuren ass.
📏 Héichschief bal bis un d'Plafong – ouni siichtbart Belëftungsgitter, fir eng propper an elegant Optik.
Genee dës duerchduecht Detailer maachen aus enger schéiner Kichen eng aussergewéinlech Moosskichen.
Wéi eng vun dësen 3 Léisunge misst an Ärer Dramkichen op alle Fall dobäi sinn? 👇
📍 KicheConcept Lëtzebuerg – Är Moosskichen no Mooss.
🇩🇪 Deutsch
Welche dieser 3 Ausstattungen dürfte in deiner Traumküche auf keinen Fall fehlen? 🤔
✨ Eine versteckte Speisekammer, die unsichtbar in die Hochschrankwand verschwindet.
🔥 Eine Keramikarbeitsplatte, die kratzfest, hitzebeständig und säurebeständig ist.
📏 Hochschränke bis fast unter die Decke – ohne sichtbares Lüftungsgitter, für eine besonders elegante Optik.
Genau solche durchdachten Details machen aus einer schönen Küche eine außergewöhnliche Küche.
Welche dieser 3 Lösungen wäre für dich ein absolutes Muss? 👇
📍 KicheConcept Luxembourg – Individuelle Küchen nach Maß.
🇫🇷 Français
Laquelle de ces 3 idées ne devrait manquer dans aucune cuisine de rêve ? 🤔
✨ Un cellier caché derrière une porte invisible.
🔥 Un plan de travail en céramique, résistant aux rayures, à la chaleur et aux acides.
📏 Des colonnes jusqu'au plafond, sans grille de ventilation visible.
Ce sont ces détails qui transforment une belle cuisine en une cuisine d'exception.
Laquelle choisiriez-vous ? 👇
📍 KicheConcept Luxembourg
🇬🇧 English
Which of these 3 features would you definitely want in your dream kitchen? 🤔
✨ A hidden pantry concealed behind an integrated door.
🔥 A ceramic worktop that resists scratches, heat and acids.
📏 Floor-to-ceiling cabinets without visible ventilation grilles.
It's these thoughtful details that make a luxury kitchen truly exceptional.
Which one would be a must-have for your dream kitchen? 👇
📍 KicheConcept Luxembourg
16/07/2026
✨ 2026 TRENDS & FASHION — MADE IN LUXEMBOURG BY KICHECONCEPT 🇱🇺
Dir sidd am Bauen oder Renovéieren? 🏡
Mir bréngen den WOW-Effekt an Äert Doheem — mat modernen Iddien, individuelle Moossléisungen an Detailer, déi den Ënnerscheed maachen. ✨
11/07/2026
🇱🇺 Lëtzebuergesch
✨ Déi Kichen, no där eis esou vill Leit gefrot hunn, gëtt elo tatsächlech verkaf.
Bis elo wollte mir se net hierginn. Mee well d’Faarf vun der exklusiver Keramik-Aarbechtsplack net méi produzéiert gëtt, maache mir elo Plaz fir eng nei Ausstellungskichen.
💎 Neiwäert: iwwer 100.000 €
🔥 Ausstellungspräis: 49.500 €
Dës aussergewéinlech Kichen besteet aus:
• Zwou imposante Kicheninselen, jeeweils ca. 3,00 × 1,16 m
• Eng komplett Héichschafwand
• En exklusive Kaffisschaf mat Schibedieren
• Grouss Reserveschief mat vill Stauraum
• Premium-Keramik-Aarbechtsplacken
• Héichwäerteg Gaggenau-Geräter, dorënner Backuewen, Dampfuewen, Frigo, Induktiounskachfeld an Spullmaschinn
Eleng d’Gaggenau-Geräter an déi grouss Keramik-Aarbechtsplacke hunn en aussergewéinlech héije Wäert.
Sou eng Geleeënheet kënnt net zweemol.
Huet si Iech schonn ëmmer gefall? Da schéckt eis eng Noriicht oder kommt se an eiser Ausstellung zu Bertrange entdecken.
⸻
🇬🇧 English
✨ The kitchen so many people have asked about is finally for sale.
Until now, we were not ready to let it go. But as the colour of the exclusive ceramic worktop has been discontinued, we are now making space for a new showroom kitchen.
💎 Replacement value: over €100,000
🔥 Showroom price: €49,500
This exceptional kitchen includes:
• Two impressive kitchen islands, each approx. 3.00 × 1.16 m
• A full wall of tall cabinetry
• An exclusive coffee cabinet with sliding doors
• Spacious pantry storage
• Premium ceramic worktops
• High-end Gaggenau appliances, including oven, steam oven, refrigerator, induction cooktop and dishwasher
The Gaggenau appliances and the extensive ceramic worktops alone represent outstanding value.
An opportunity like this does not come twice.
Once it is sold, it is gone.
Have you always loved this kitchen? Send us a message or visit our showroom in Bertrange.
09/07/2026
🇱🇺 Dir sidd am renovéieren? Mir brengen de WOW an äert Doheem✨
🏡 Eng al Scheier mat ganz vill Charme.
🏛️ En aalt Haus mat eenzegaartegen Detailer.
📐 Eng kleng Wunneng mat Schréi.
🛋️ E Studio, wou all Zentimeter zielt.
All Doheem erzielt seng eege Geschicht.
An genee do fänkt eis Aarbecht un.
Mir gleewen, datt eng Kichen net nëmme schéin soll ausgesinn. Si soll perfekt an Äert Doheem passen, Ären Alldag méi einfach maachen an eng Plaz sinn, wou ee sech all Dag gär ophält.
✨ Keng Standardléisungen. Keng Kompromësser.
Mir plangen all Kichen op Mooss – mat vill Léift fir Detailer, kreativen Iddien an enger Léisung, déi genee zu Iech an Ärem Doheem passt.
Egal ob Dir eng al Scheier renovéiert, en aalt Haus moderniséiert oder aus engem klenge Studio dat Bescht eraushuele wëllt…
✨ Mir bréngen de WOW an Äert Doheem.
📍 KicheConcept Luxembourg
Zënter 19 Joer Spezialist fir Moosskichen, Design an aussergewéinlech Renovatiounsprojeten zu Lëtzebuerg.
💬 Hutt Dir schonn e Projet am Kapp? Dann huelt elo ee RDV bei eis um 26383866 oder [email protected]😃
29/06/2026
✨ From outdated to outstanding.
A kitchen transformation is never just about furniture — it’s about creating a space where life happens. 🏡🍷
Designed with passion, built with precision, and tailored down to the smallest detail.
Every project starts with an idea… and ends with a space you’ll love every single day. 🤍
Thinking about your dream kitchen?
📩 Book your appointment with us and let’s create something unique together.
18/06/2026
🇱🇺 Lëtzebuergesch
✨ Nei ukomm: déi nei Keramik-Kollektioun vu Marazzi.
Nei Faarwen, nei Strukturen, nei Inspiratioun fir modern Kichen.
Eise momentane Favorit:
🤎 Travertin-Look
An och bei eise Clienten aktuell ee vun de beléiftsten Trends.
Firwat Keramik als Aarbechtsplack?
✔ Hëtztbestänneg – waarm Dëppe kënnen direkt drop gestallt ginn
✔ Kratzbestänneg – souguer drop schneiden ass méiglech
✔ Net porös – keng Flecken zéien an
✔ Hygiéinesch an einfach ze botzen
✔ UV-bestänneg – perfekt fir hell a sonneg Raim
✔ Extrem haltbar
Fir eis ee vun de beschte Materialien fir eng modern Kichen.
Wéi eng Faarf wier däi Favorit? 👇
————————————
🇬🇧 English
✨ Just arrived: the new Marazzi ceramic collection.
New colours, new textures, new inspiration for modern kitchens.
Our current favourite:
🤎 Travertine look
And currently one of the most loved trends by our clients.
Why choose ceramic for your worktop?
✔ Heat resistant – place hot pots directly on it
✔ Scratch resistant – you can even cut directly on the surface
✔ Non-porous – no stains absorbed
✔ Hygienic and easy to clean
✔ UV resistant – perfect for bright and sunny spaces
✔ Extremely durable
For us, one of the best materials for a modern kitchen.
Which colour would be your favourite? 👇
16/06/2026
🇱🇺
Dat gesäit aus wéi eng kleng Insel… 🌿
…mee et ass Design.
Heiansdo sinn et net d’Miwwelen eleng, déi e Raum speziell maachen…
mee d’Natur, d’Liicht, d’Materialien an déi kleng Detailer, déi engem e Gefill ginn. ✨
Gëschter bei Mazu hu mir erëm gesinn, wéi staark Planzen an Design zesummespillen.
Wéi vill Rou, Wäermt a Liewen si an e Raum brénge kënnen. 🤍
Genee dat ass och eis Philosophie:
eng Kichen ass net just fir ze kachen…
si ass fir zesummen ze liewen, ze genéissen an sech doheem ze spieren.
An dat Schéinst?
Dës aussergewéinlech Designer-Stécker sinn geschwënn och bei eis ze kréien. 🌱✨
📩 Fir méi Informatiounen, schreif eis einfach eng DM.
🇬🇧
It looks like a little island… 🌿
…but it’s design.
Sometimes it’s not just the furniture that makes a space special…
it’s nature, light, materials, and the small details that create a feeling. ✨
Yesterday at Mazu, we once again saw how powerful the connection between plants and design can be.
How much warmth, calm, and life they can bring into a space. 🤍
That is exactly our philosophy:
a kitchen is not just made for cooking…
it’s made for living together, enjoying moments, and feeling at home.
And the best part?
These exceptional designer pieces will soon also be available with us. 🌱✨
📩 For more information, just send us a DM.
15/06/2026
🇱🇺
Haut ware mir zu Knokke bei MAZU… a mir musse soen: WOW. 🌿✨
Heiansdo muss een aus dem Alldag eraus, fir nei Inspiratioun ze fannen. 🚗💭
MAZU mécht net einfach nëmme Planzen-Dëppen.
Si kreéieren richteg Designstécker – mat semi-artifiziellen Planzen, aussergewéinleche Formen an engem Look, deen e ganze Raum komplett verännert. 🪴🏡
An genee dat ass et, wat mir gär hunn:
Detailer, déi den Ënnerscheed maachen. ✨
Well um Enn ass et net just d’Kichen, net just d’Miwwel…
et ass dat ganzt Gefill, dat en Doheem speziell mécht. ❤️
Mir hunn haut vill entdeckt, wat mir iech onbedéngt wëlle weisen. 👀
An den nächsten Deeg kommen nach vill méi Biller an Andréck hei op eise Plattformen. 📸
An dat Bescht: E puer vun dëse besonneschen Designstécker wäerte geschwënn och Deel vun eiser Ausstellung sinn. 🌿🔥
Bleift drun – et lount sech.
🇬🇧
Today we were in Knokke at MAZU… and we have to say: WOW. 🌿✨
Sometimes you need to step out of the daily routine to find new inspiration. 🚗💭
MAZU doesn’t just create plant pots.
They create real design pieces – with semi-artificial plants, extraordinary shapes, and a look that can completely transform a space. 🪴🏡
And that’s exactly what we love:
details that make the difference. ✨
Because in the end, it’s not just about the kitchen, not just about the furniture…
it’s about the overall feeling that makes a home truly special. ❤️
Today we discovered a lot that we can’t wait to share with you. 👀
Over the next few days, we’ll be posting more pictures and impressions here on our platforms. 📸
And the best part: some of these unique design pieces will soon become part of our showroom too. 🌿🔥
Stay tuned – it will be worth it.
Vous voulez que votre entreprise soit Magasin De Meubles la plus cotée à Bertrange ?