06/07/2026
Deng Fantasie ass gefrot! 🫏
Eise Won gëtt all Joer mat engem neie Motiv bepecht an heifir organiséiere mir e Concours!
➡️ Schéck eis deng Illustratioun am Format 711 x 167 mm mam Thema Dikrech an d’Fuesent eran:
📧 per Mail un [email protected]
📮 oder per Post un : B.P. 131 | L-9202 Diekirch
Déi bescht Iddie ginn natierlech belount:
🥇 1. Präis: 500 € + däi Motiv um Won
🥈 2. Präis: 250 €
🥉 3. Präis: 125 €
Schéck eis däi Konschtwierk bis spéitstens de 15. Oktober 2026!
🧑🎨 Jidderee ka matmaachen! Egal ob jonk oder al, Profi oder Amateur – dat Eenzegt wat zielt ass, dass du Spaass um Gestalten hues!
Fais appel à ton imagination ! 🫏
Chaque année, notre char est décoré avec un nouveau motif, et pour cela nous organisons un concours !
➡️ Envoie-nous ton illustration au format 711 x 167 mm sur le thème Diekirch et le carnaval :
📧 par e-mail à [email protected]
📮 ou par courrier à : B.P. 131 | L-9202 Diekirch
Les meilleures idées seront bien sûr récompensées :
🥇 1er prix : 500 € + ton motif sur le char
🥈 2e prix : 250 €
🥉 3e prix : 125 €
Envoie-nous ton œuvre d’art au plus t**d le 15 octobre 2026 !
🧑🎨 Tout le monde peut participer ! Que tu sois jeune ou moins jeune, professionnel ou amateur, la seule chose qui compte, c’est que tu prennes plaisir à créer !
17/03/2026
🥁Gewënner vun eiser Gratistombola sinn…🥁
Wann Ären Entréesbilljee vun der Dikricher Cavalcade folgend Nummer huet, da sidd Dir ee vun de gléckleche Gewënner vun eiser Tombola 🥳 :
N° 5441 400 €
N° 18854 250 €
N° 20689 150 €
N° 13269 50 €
N° 8680 50 €
N° 22182 50 €
N° 2459 50 €
N° 4734 50 €
N° 16309 50 €
N° 3191 50 €
N° 3046 50 €
D’Gewënner kënnen sech bis de 30. Juni 2026 bei eis iwwer E-mail op [email protected] mellen! 🙋🏼
17/02/2026
Wat eng schéi Cavalcade! Mir soe jidderengem en ganz grousse Merci fir déi schéi Momenter an Äre begeeschterten Asaz! 👏🏼 Zéckt net Är Fotoe mat eis ze deelen an eis Säit ze taggen! 📷
14/02/2026
Muer ass et esou wéit! Feiert mat eis déi 58. Dikricher Cavalcade a bewonnert de beandrockende Cortège deen duerch d’Stroossen zitt. 🥳
Vun 12 Auer u kann een Op der Kluuster mam Dj Paul a bei der Gemeng mam Dj Dee feieren! Beim Wirtgenschlass op der Family Place ass ab 12 Auer och de Grillstand op an eng ganz Rei Animatioune fir Kanner (wéi e Bungee-Trampolin an e Sprangschlass) ginn organiséiert!
Ab 15:30 Auer fänkt an der Aler Seeërei de Warm-Up mam Dj Maji un a vun 18:30 Auer bis Mëtternuecht ass d’Eldoradio After Party mam Dj Blueteck, Dj Al an Eldoradio!
⚠️Opgepasst: Dir kommt just mat engem Entréesticket vun der Cavalcade an d’Al Seeërei eran a fir är Sécherheet kënnen ze garantéieren sinn d’Plazen begrenzt!
Natierlech ass och bei de Wiert a ganz Dikrich eng lass! 🍻
Maacht vill Fotoen an zéckt net eis ze taggen an esou är schéinst Erënnerunge mat eis ze deelen!😍
Dir fannt all Infoen iwwert de Programm, d’Navetten, d’gespaarte Stroossen asw. op eiser Internetsäit www.cavalcade.lu/infos!
14/02/2026
Verkéiersreegelen fir en Sonnden op der Dikricher Cavalcade ⛔️🚙
Ab 12 Auer ass zu Dikrich fir den Verkéier gespaart:
- d’Entrée vun der Ettelbrécker Strooss ab dem Rond-point Cactus
- d’Rue Clairefontaine op der Héischt vun der Gilsdrefer Bréck
- d’Gilsdrefer Strooss
- d’Entrée Dikrich aus Richtung Fiels ab dem Rond-point vum LTA
- de Bamerdall ab dem Rond-point Fridhaff.
All d’P&R an di gespaarte Stroossen fannt dir op eiser Internetsäit ➡️ www.cavalcade.lu/infos. Hei fannt Dir dann och all déi verschidde Parkplazen déi Iech zur Verfügung stinn, de genaue Programm a villes méi!
All Informatiounen iwwert déi speziell Zuch- a Buslinne fannt dir och op www.mobiliteit.lu.🚍
Mir gesinn eis also en Sonndeg fir di 58. Dikricher Cavalcade op déi mir sou laang gewaart hunn!🎭🥳
13/02/2026
📣 Kannerfuesbal an der Aler Seeërei zu Dikrech! 📣
Sidd dir prett?? Muer de Mëtten ass de Kannerfuesbal an der Aler Seeërei zu Dikrich an der Groussgaass!
Kommt bis laanscht a loosst iech vun der geckeger Fuesstëmmung ustiechen, déi a ganz Dikrich herrscht! 🎭
🕘 14.02. vun 14 bis 18 Auer
🎟 Entrée: 4 €
*organiséiert vun der APED-Dikricher Elterenvereenegung
13/02/2026
Haut den Owend ass den HIPPIQUE’S BAL zu Dikrich!
🕘 13.02.2026 ab 21 Auer
👉🏼 Brasserie beim Louis: Party Zone & Dj T-Beats
👉🏼 Dikkricher Stuff: Fuesmusek & Dj Rocco
👉🏼 Café Miche: Fuesmusek & Dj Mansaari
Grillstand an Oweskees op der Liberatiounsplaz
Organiséiert vum Cercle de Natation Diekirch
Virverkaf: 7 € | Oweskees: 10 €
🚍 Fuert gratis mam Nordstad Late Night Bus!
12/02/2026
📣 Denkt drun den Owend ass den ALTWEIBERBAL zu Dikrich!
🕘 12.02.2026 ab 21 Auer
👉🏼 Brasserie beim Louis: Party Zone & Dj Dee
👉🏼 Dikkricher Stuff: „Fuesmusek“ & Dj Epp
👉🏼 Café Miche: „Live Fuesmusek mam Roby a Simone feat. Erny“
Grillstand an Oweskees op der Liberatiounsplaz
Organiséiert vun der Härenekipp vum F.C.M. Young Boys Dikrech
Virverkaf an Oweskees: 10 €
🚍 Fuert gratis mam Nordstad Late Night Bus!
11/02/2026
⚠️ Opgepasst: De Cortège fiert dëst Joer um 14 Auer lass! 🚜
Fir datt alles entspaant ofleeft dëse Sonnden, rode mir Iech, fréi unzereesen!
Wéinst dem groussen Undrang am ëffentlechen Transport lount et sech och sech mat Zäit op de Wee ze maache fir de Flux esou gutt wéi méiglech ze verdeelen! 🚌🚂
🎉 Mir freeën eis op Iech zu Dikrech!
⚠️ Attention : le cortège démarre cette année à 14h ! 🚜
Afin que tout se déroule dans les meilleures conditions ce dimanche, nous vous conseillons d’arriver suffisamment tôt.
En raison du fort afflux dans les transports en commun, il est également recommandé de prendre la route à l’avance afin de mieux répartir les flux de voyageurs 🚌🚂
🎉 Nous nous réjouissons de vous accueillir à Diekirch !