Decotrend & fashion corner

Decotrend & fashion corner

Partager

Concept Store - Decoration and furniture unique & vintage / Fashion for her

Photos from Decotrend & fashion corner's post 07/09/2026

🍂✨ Mir sinn zréck! ✨🍂
No e puer schéine Congésdeeg si mir muer nees zréck – an dat mat vill neier Inspiratioun. 🤎

D’Hierscht- & Wanterkollektioun ass ukomm! 🍂
Elegant Looks, waarm Faarwen, schéin Materialien an déi kleng Detailer, déi aus engem Outfit eppes Besonnesches maachen. ✨

Entdeckt eis nei Kollektioun a loosst iech vun den neiste Trends inspiréieren. 🧥👜👢
Mir freeën eis op iech! ✨
Bis muer am Decotrend! 🛍️

26/08/2026
27/07/2026

🫶 WOW… wat fir eng Braderie! ✨

Mir soen einfach nëmmen: MERCI! 🤍

Merci un all déi, déi gëschter beim Decotrend laanscht komm sinn, gestöbert, akaf hunn oder einfach e flotte Moment mat eis gedeelt hunn. Är Ënnerstëtzung bedeit eis immens vill. 🛍️

Eis Braderie ass eriwwer, mee am Buttek waarden nach ëmmer vill flott Stécker a super Offeren op iech. 😉

Bis ganz geschwënn am Decotrend! 🤎✨

25/07/2026

🚨 SPONTAN OP D’BRADERIE? 🚨

Fir muer ass ganz kuerzfristeg eng Plaz (3 x 3 m) op eiser Braderie zu Maacher fräi ginn, well ee Participant aus gesondheetleche Grënn leider huet missten ofsoen.

✨ Hues du Produiten, Konschtwierker, Handaarbechten oder soss eppes, wat s du gär géifs presentéieren a verkafen? Da ass dat elo deng Chance!

📩 Mell dech direkt bei eis per Facebook-Noriicht.

👉 Kenns du een, dee spontan Zäit a Loscht hätt? Da markéier en oder deel dëse Post – esou fanne mir vläicht nach séier dee passende Stand.

Mir freeën eis op dech! ☀️

23/07/2026

🌞 SUMMER SALE IS ON! 🌞

Mir brauche Platz… 🤭 Eis nei Wanterkollektioun ass schonn ukomm! 🍂✨

🛍️ Bis zu -50% op ganz vill Artikelen aus der Summerkollektioun.
✨ Zousätzlech fannt Dir ausgewielte Must-haves mat -10% bis -20%.

Déi schéinst Deeler waarden op Iech – awer nëmme soulaang de Stock geet! 💛

📍 Decotrend Grevenmacher
🎉 A vergiesst net: Dëse Sonndeg ass Braderie zu Maacher! Kommt laanscht a profitéiert vun eise Summer-Schnäppcher. 🛍️☀️

Fashion Boutique ShopLocal Braderie NewCollection

22/07/2026

🛍️🛍️🛍️

Photos from Decotrend & fashion corner's post 10/07/2026

✨ Klengen Update! ✨
Ech hunn nach e puer Räck iwwereg, mee just nach jeeweils an enger Gréisst.
Dofir ginn et elo 20 % op dat lescht Stéck! 🛍️
Wann Är Gréisst nach dobäi ass, ass elo déi perfekt Geleeënheet fir zouzeschloen. 😊
Schreift mir einfach eng Noriicht, wann Dir interesséiert sidd. A wéi ëmmer gëllt: wann fort, dann fort! ✨

28/06/2026

📌

🌞 Kommt op Maacher a genéisst e flotte Shopping-Nomëtteg an der Foussgängerzon! 🛍️
📅 Sonndeg, den 28. Juni
🕓 Vun 14:00 bis 18:00 Auer
📍 Zentrum vu Maacher
Profitéiert vun attraktive Summer-Remisen, entdeckt déi nei Kollektiounen an ënnerstëtzt eis lokal Geschäfter. Eng entspaant Ambiance, flott Offeren an de Summerfeeling waarden op Iech! 🎉🌴
👉Shoppt lokal a verbréngt e gemittlechen Nomëtteg an der Muselmetropol! ✨
👉

23/06/2026

🇱🇺☀️🇱🇺☀️ Mir wënschen iech all e schéinen Nationalfeierdag 🇱🇺☀️🇱🇺☀️

Vous voulez que votre entreprise soit Magasin De Meubles la plus cotée à Grevenmacher ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


10, Grand-rue
Grevenmacher
6730

Heures d'ouverture

Mardi 10:00 - 18:00
Mercredi 10:00 - 18:00
Jeudi 10:00 - 18:00
Vendredi 10:00 - 18:00
Samedi 10:00 - 17:00